top of page
2023/2024

10/06/2024


A-Ekipp


An der Finall vun der Coupe de Luxembourg séchert sech eis A-Ekipp den Titel zu Helléng am Café de la Gare mat 835 op 828 géint Oenner Ons Eischen A.

07/06/2024


B-Ekipp

An der Finall vun der Coupe FLQ séchert sech eis B-Ekipp den Titel zu Houschent am Café beim Annette mat 794 op 652 géint de KC Kayl 2000.

10/05/2024


A-Ekipp

Um 14. a leschte Spilldag hëllt eis A-Ekipp 3 Punkten zu Buerschent  5 - 3 (1034 op 975) a séchert sech esou nom Opstig an d'Luxembourg League och de Championstitel an der National 1.

05/05/2024


B-Ekipp

Um leschte Spilldag verléiert d'B-Ekipp hieren 1. Match an der Saison. Dat mat 5-3 (814 op 781) zu Aasselbuer géint d'Elwënter 16 TER.

30/04/2024


A-Ekipp

An der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg gewënnt A-Ekipp mat 1076 op 1061 géint d'Kolleegen vu Bieles 2000 aus der Luxembourg League. D'Finall géint Oenner Ons Eischen A gëtt am Prinzip de 07/06/2024 gespillt.

26/04/2024


B-Ekipp

An der Halleffinall vun der Coupe FLQ gewënnt B-Ekipp mat 889 op 804 géint d'Kolleegen vum Kinnekstrech 05 Uewerkuer aus der Eirepromotioun. D'Finall géint de KC Kayl 2000 gëtt am Prinzip den 31/05/2024 gespillt.

24/04/2024


A-Ekipp

Um 13. Spilldag spillt eis A-Ekipp 4 - 4 (1123 op 1062) doheem géint e staarke Géigner vu Waasserbëlleg.

14/04/2024


A-Ekipp

Um 12. Spilldag spillt eis A-Ekipp 5 - 3 (934 op 904) zu Fennéng géint de KC BO' Dragons a festegt d'Tabellespëtzt.

29/03/2024

B-Ekipp


An der Véierelsfinall vun der Coupe FLQ gewënnt eis B-Ekipp doheem géint Ëmmer um Dill Giewel (Éirepromotioun) mat 857 - 618 a steet domadder an der Halleffinall vun der Coupe FLQ.

26/03/2024

A-Ekipp

Um 11. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp mat 8 - 0 (1119 op 901)
géint de KC Luso Nord a festegt d'Tabellespëtzt.

22/03/2024


B-Ekipp

Um 8. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp mat 8 - 0 (920 - 575) géint Oenner Ons B an ass domadder net méi vun der Tabellespëtzt ze verdrängen. Éirepromotioun mir kommen!

19/03/2024

A-Ekipp


An der Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg gewënnt eis A-Ekipp zu Houschent géint d'Eenegkeet Hoscheid B (Nationale 2)  mat 779 - 856 a steet domadder an der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg.

09/03/2024

A-Ekipp

Um 10. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp mat 3,5 - 4,5 (918 op 995) géint de KC Gudd Holz Holzem

27/02/2024

A-Ekipp

Um 9. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp mat 7 -1 (1114 op 957) géint d'Knupperten vun Dol.

17/02/2024

A-Ekipp

An der Aachtelsfinall vun der Coupe de Luxembourg gewënnt eis A-Ekipp zu Miedernach géint de KC Medernach-Gilzem aus der Nationale 2 mat 922 - 937, dëst nodeems ee virun der leschter Partie nach mat 21 Keelen hanne louch.

16/02/2024

B-Ekipp

An der 1/8-Finall vun der Coupe FLQ gewënnt eis B-Ekipp op der neutraler Bunn zu Duelem (536 - 715)  géint de KC Suessem 2023 aus der Promotioun 1. Bezierk.

10/02/2024

B-Ekipp

Um 7. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp auswäerts 0 - 8 (501 - 658) géint de KC Hanne Matt Merel a baut d'Féierung un der Tabellespëtzt weider aus.

26/01/2024

B-Ekipp

Um 6. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp doheem 8 - 0 (886 - 592) géint de KC Eechternoach 82 B a baut d'Féierung un der Tabellespëtzt weider aus.

24/01/2024

A-Ekipp

Um 8. Spilldag an der National 1 spillt eis A-Ekipp auswäerts zu Féngeg  4 - 4 (904 - 976) géint UPDB Garnech A.

09/01/2024

A-Ekipp

Um 7. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp 6 op 2 (1107 - 1060) doheem géint de KC Buerschent A.

05/01/2024

B-Ekipp

Um 5. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp doheem 8 - 0 (884-714) géint Elwenter 16 TER a baut d'Féierung un der Tabellespëtzt weider aus.


21/12/2023

A-Ekipp

Um 6. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp 2,5 op 5,5 (1002-1020) auswäerts zu Dickweiler géint de KC Waaserbëlleg an iwwerhëllt déi 2. Plaz mat 2 Punkte Réckstand op Waasserbëlleg.

06/12/2023

B-Ekipp

An der 2. Ronn vun der Coupe FLQ gewënnt d'B-Ekipp doheem géint OS Quinas mat 801 op 737 (+64) a qualifizéiert sech fir déi 3. Ronn.

06/12/2023

A-Ekipp

An der 3. Ronn vun der Coupe de Luxembourg gewënnt d'A-Ekipp op der neutraler Bunn zu Hoën géint de Liga-Konkurrent KC Buerschent mat 874 op 830 (+44) nodeems een no der 4. Parti nach 22 Keelen hanne louch.

28/11/2023

A-Ekipp

Um 5. Spilldag spillt eis A-Ekipp 8 - 0 (1123-883) doheem géint de KC Bo' Dragons A.

24/11/2023

A-Ekipp

Um 4. Spilldag spillt eis A-Ekipp 4 - 4 (854-864) zu Bissen géint de KC Luso Nord.

08/11/2023

B-Ekipp

Um 3. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp mat  0 - 8 (648-874) zu Hoën géint de KC Oenner Ons Eischen B a baut domadder d'Tabelleféierung aus.

31/10/2023

A-Ekipp

Um 3. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp mat  7 - 1 (1113-910) doheem géint de KC Gudd Holz Holzem.

20/10/2023

B-Ekipp

Um 2. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp mat  8 - 0 (882-560) doheem géint Hanne Mat Merel.

20/10/2023

A-Ekipp

An der 2. Ausscheedungsronn vun der Coupe de Luxembourg gewënnt d'A-Ekipp op 185 Keelen (652 - 837) zu Hiefenech géint de KC Befort.

07/10/2023

A-Ekipp
Um 2. Spilldag verléiert d'A-Ekipp mat 7 - 1 (902 - 802) auswaërts zu Dol géint d'Knupperten.

03/10/2023

A-Ekipp
Um 1. Spilldag gewënnt d'A-Ekipp mat 7 - 1 (1101 - 1031) doheem géint UPDB Garnech A.

19/09/2023

B-Ekipp
Um 1. Spilldag gewënnt d'B-Ekipp mat 2 - 6 (673 - 747) zu Iechternach géint de KC Eechternoach 82 B.


SAISON 2023/2024

September 2023

De KC Ganerbaach zu Neng Uespelt spillt dës Saison mat 2 Équippen.

D'A-Équipe spillt an der Nationale 1 an dréit hier Heemmatcher zu Alzeng am Trapeneck aus.

D'B-Équipe spillt an der Promotioun (2. Bezierk) an dréit hier Heemmatcher wéi gewinnt am Kraeltgen zu Uespelt aus.

Lass geet et fir d'B den 18/09 mat engem Auswäertsmatch zu Iechternach. Fir d'A geet et den 02/10 doheem géint UPDB Garnech A lass.

Gudd Holz deenen 2 Équippen.

2022/2023

 

12/05/2023

Um 14. a leschte Spilldag vun der Saison 2022/2023 gewënnt de KC Ganerbaach mat 6 - 2 (975 op 858) géint de KC Gudd Holz Holzem.

​

27/04/2023

 

Um 13. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 7 - 1 (1175 op 1016) géint de KC Havanna.

​

13/04/2023

​

Um 12. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 6 - 2 (1011 op 896) géint UPDB Garnech A.

 

30/03/2023

 

Um 11. Spilldag gewanne mer mat 8 - 0 (1060 op 771) géint 3HE Schëffleng

​

10/03/2023

 

Um 10. Spilldag verléiere mer mat 7 - 1 (944 op 779) géint d'Knupperte vun Dol

​

24/02/2023

​

Um 9. Spilldag gewanne mer doheem mat 6 - 2 (1027 op 933) géint de KC Waasserbëlleg 

 

26/01/2023

 

Um 8. Spilldag huele mer 3 Punkten zu Angelduerf géint de KC Kränzchen 
5 - 3 (882 op 795)

​

14/01/2023

 

Um 7. Spilldag gewanne mer doheem mat
2 - 6 (911 op 916) zu Holzem géint de KC Gudd Holzem

​

16/12/2022

 

Um 6. Spilldag gewanne mer doheem mat 5 - 3 an engem neie Bunnerekord  (1107 op 1018) géint de KC Havana

 

03/12/2022

 

Am 2. Tour vun der Coupe verléiert de KC Ganernaach denkbar knapp op 1 Keel auswaërts géint OS Amigos Marcoenses (900 op 899)

 

25/11/2022

​

Um 5. Spilldag gewanne mer doheem mat 6 - 2 (1075 op 962) géint UPDB Garnech A

​

11/11/2022

​

Um 4. Spilldag huele mer 3 Punkten zu Schëffleng beim KC 3 Hannen Erëm Schëffleng 5 - 3 (672 op 692)

​

Um 3. Spilldag gewanne mer mat 8 - 0 (1014 op 876) doheem géint d'Knupperten vun Dol. Nationale 1 - mir sinn do!

​

20/10/2022

 

Um 2. Spilldag gewanne mer mat 3,5 - 4,5 (903 op 939) auswäerts zu Dickweiler géint de KC Waasserbëlleg. Staarken Optrëtt.

 

 

07/10/2022

 

Den 1. Spilldag an der Nationale 1 ass gespillt. Doheem spille mer 2-6 (1050 op 1038) géint de Kränzchen. Fazit vum Match: Vill Keelen; wéineg Punkten. Trotzdeem léisst sech dorobber opbauen. 

​

08/09/2022

 

Mir starten den 06/10/2022 mat engem Heem-Match géint de KC Kraenzchen an déi nei Saison.

​

Gudd Holz an op eng erfollegräich Saison an der Nationale 1.

2021/2022
 

-30/05/2022-

​

De KC Ganerbaach gratuléiert sengem Spiller, dem Petz Houtsch zu senger Bronzemedaille op der Eenzelmeeschterschafft vun den Hären A. Gratulatioun och dem Auré an dem Sylv fir hiert gudd Resultat.

​

https://flq.lu/Pdf/NationalEenzelmeeschterschaft_2021-2022_HerrenA.pdf

​

-19/05/2022-

​

Um 14. a domadder leschte Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach doheem mat 8 - 0 (1033 - 806) géint d'Kueben vum Dill B. Mir gesinn eis déi nächst Saison an der Nationale 1

​

-04/05/2022 -

Um 13. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach auswäerts mat 6 - 2 (916 - 781) géint de KC Bo' Dragons A a mecht domadder den Opstieg an d'National 1 perfekt.

​

-29/04/2022 -

Um 12. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach doheem mat 7 op 1 (995 - 901) géint de KC Giewel a mecht e grousse Schrëtt Richtung Opstieg.

 

- 14/04/2022 -

Um 11. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 3 op 5 (885 - 913) zu Greiveldeng géint de KC Osten.

​

- 29/03/2022 -

Um 10. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 3,5 op 4,5 (887 - 913) zu Fenteng géint de KC Gambei 2014 a bleiwt mat 11 Punkte Virsprong un der Tabellespëtzt

​

- 10/03/2022 -

Um 9. Spilldag huet de KC Ganerbaach spillfräi

​

- 23/02/2022 -

​

Um 8. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 5 - 3 (810 op 785) auswäerts géint de Viischte Kranz Péiteng. Nächste Rendez-Vous: 28/03/2022 auswäerts beim KC Gambei 2014.

​

- 26/01/2022 -

​

Um 7. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 1 - 7 (846 op 968) auswäerts géint d'Kueben um Dill B an ass iwwerleeënen Féierenden an der Tabell. Nächste Rendez-Vous: 22/02/2022 auswäerts beim Viischte Kranz Péiteng.

​

- 14/01/2022 -

​

Um 6. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 8 - 0 (1034 op 859) doheem géint de KC Bo' Dragons A a bleiwt souverän un der Tabellespëtzt. Den nächste Match spille mer de 25/01/2022 bei de Kueben um Dill B.

​

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch. Bleift gesond.

- 21/12/2021 -

​

Um 5. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 1 - 7 (740 op 818) auswäerts beim KC Giewel 83. Nächste Match ass dann den 13/01/2022 am Kraeltgen géint de KC Bo' Dragons A.

​

Schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch. Bleift gesond.

​

- 18/11/2021 -

​

Um 4. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 7 - 1 (1048 op 782) géint de KC Osten. Nächste Match ass dann den 20/12/2021 auswäerts géint de Keeleclub Giewel 83.

​

- 11/11/2021 -

​

Um 3. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 8 - 0 (1068 op 798) géint de KC Gambei 2014. Nächste Match ass dann den 18/11/2021 doheem géint de KC Osten.

​

- 25/10/2021 -

 

Jolly Team 69 Beetebuerg huet sech vum Championat zeréckgezunn. Domadder fällt den 2. Spilldag fir eis aus. Weider geet et da mam Match den 11/11/2021 doheem géint de KC Gambei 2014

 

- 20/10/2021 -

 

1. Tour an der Coupe war dann och schon de leschten Tour an der Coupe fir de KC Ganerbaach. Op der bal neutraler Bunn zu Buerschent verléiere mer mat 46 Keelen Ënnerscheed (795 op 841) géint Hanne Matt 69 Dol

 

- 15/10/2021 -

​

Et sollt net sinn.

 

Nodeems en technësche Probleem mat der Keelebunn zu Ierpeldeng dofir gesuergt huet, dass de Coupe-Match net konnt gespillt ginn, hu mer elo en neien Datum/Café fonnt.

 

Gespillt gëtt e Mëttwoch (20/10/2021)  zu Buerschent am Café St. Nicolas. Merci de Kolleege vun Dol an der Federatioun fir déi gudd Zesummenaarbécht fir kuerzfristeg eng Léisung ze fannen.

 

- 08/10/2021 -

​

Den 1. Match vun der Saison 2021/2022 ass gespillt. De KC Ganerbaach gewënnt doheem mat 8 - 0 (1059 op 832) géint de viischte Kranz Péiteng.

Nächste Rendez-Vous ass e Freiden, de 15/10/2021 mam Coupe-Match op der neutraler Bunn am Café Barros zu Ierpeldeng/Sauer géint Hanne Matt 69 Dahl aus der Nationale 2.

​

- 27/09/2021 -

D'Coupe ass geloust an de KC Ganerbaach spillt op neutraler Bunn (Café Barros zu Ierpeldeng/Sauer) géint Hanne Matt 69 Dahl aus der Nationale 2. Den Datum waërt deemnächst feststoën.

 

 - 20/09/2021 -

Et ass endlech esouwäit. De 07/10/2021 starte mer an déi nei Saison mat engem Heemmatch géint de Viischte Kranz vu Péiteng. De komplette Kalenner fannt Dir ënner Saison 2021/2022

​

- 16/07/2021 -

De KC Ganerbaach zu Neng Uespelt seet dem Carole a Christian vum Kraeltgen an dem Alain vun der Entreprise Cortolezzis villmools Merci fir de Sponsoring vun eisem neien Dress

​

NEWSARCHIV

2020/2021

COVID-19 LOCKDOWN

Nodeems den 1. Spilldag zum Deel gespillt war, koum et zur kompletter Annulatioun vum Championnat 2020/2021

2017/2018
 

- Um 14. a leschte Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 8 - 0 (1012-780) géint de KC Klatzentriwweler vu Fëlschdrëff a schléisst domadder d'Saison souverän als Champion an Opsteiger an d'Nationale 2 of

 

- Um 13. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 0 - 8 (797-855) zu Mënsbech géint d'Kolleege vum KC Fair Play, séchert sech domadder definitiv de Championstitel a steigt d'nächst Saison an d'Nationale 2.

 

- Um 12. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 7 - 1 (1022-838) géint de KC BO' Dragons a steet 2 Spilldeeg viru Schluss kuerz virum Opstieg an d'Nationale 2

 

- Um 11. Spilldag spillt de KC Ganerbaach zu Trénteng géint de KC Les Amis Dalheim 4 - 4 (925-979) a behaapt domadder souverän d'Tabellespëtzt

 

- Um 10. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 3 - 5 (956-1057) zu Mertert géint de KC Altréier 69 A

 

- Um 9. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 8 - 0 (1053-902) géint UDP Wuermer

 

- An der 4. Ronn vun der Coupe verléiert de KC Ganerbaach knapp mat 959 op 982 géint de KC Elite Duelem

​

 - Um 8. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 2 - 6 um Mont St Jean (700 - 822)

 

- Um 7. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach bei den Noperen vum KC Klatzentriwweler Fëlschdrëff (3,5 op 4,5 mat 971 - 982 Keelen)

 

-  An der 3. Ronn vun der Coupe gewënnt de KC Ganerbaach mat 995 op 894 géint de KC Osten aus der Nationale 2

 

- Um 6. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach e ganz interessante Match mat 5 - 3 (1040 op 962) géint d'Kolleegë vum KC Fair Play Mënsbech/Senneng

 

- Um 5. Spilldag spillt de KC Ganerbaach 4 - 4 (933-926) zu Fennéng géint de KC BO' Dragons A

 

- Um 4. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat engem weidere Bunnerekord mat 8 - 0 (1087 - 890) géint de KC Les Amis Dalheim

 

- An der 2. Ronn vun der Coupe gewënnt de KC Ganerbaach mat 890 op 789 géint de KC Altréier 69 op der neutraler Bunn zu Greiveldéng am Café Chaves

 

- Um 3. Spilldag spillt de KC Ganerbaach doheem 7 - 1 (1033 op 925) géint de KC Altréier 69 Wecker A

 

- Um 2. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach 6 - 2 (962 op 880) zu Greiveldéng géint UDP Wuermer

 

- Um 1. Spilldag vun der Saison 2017/2018 spillt de KC Ganerbaach 1062 Keelen géint de KC Mont St Jean (816) a brécht domadder de Bunnerekord a gewënnt de Match mat 8 - 0.

 

- De KC Ganerbaach seet der Entreprise Cortolezzis vun Uespelt e grousse Merci fir déi nei Tenue.

 

- Den 28/09 fänke mer déi nei Saison mam Heem-Match kéint de KC Mont St Jean vun Diddeléng un. De komplette Spillplang fannt dir ënner "Saison 2017/2018"

2016/2017

​

- Um leschte Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 7 -1 géint de KC Altréier 69 (920 - 864)

 

- Um 13. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 7 -1 géint de KC OS Tugas zu Fennéng (868 - 762)

 

- Um 12. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 3-5 (917-964) géint de KC Dickweiler Knupp

 

- Um 11. Spilldag hëllt de KC Ganerbaach 2,5 Punkten zu Bous géint de KC Les Amis Dalheim (1016 - 958)

 

- Um 10. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach doheem mat 7-1 (953-849) géint UDP Wuermer

 

- Um 9. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach auswaërts mat 2,5 op 5,5 (738 - 763) géint de KC Mont Saint Jean

​

- 26/01 - Um 8. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 5-3 (942-965) géint de KC Eechternoach A

 

- 09/01- Um 7. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 8 - 0 zu Wecker géint de KC Altréier 69 A (911 - 785)

 

- 22/12 -  Am 3. Tour vun der Coupe verléiert de KC Ganerbaach mat 886 - 956 géint de KC Flocken Duelem

 

- 15/12 - Um 6. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach doheem mat 8 - 0 géint de KC OS Tugas (919 - 786) an iwwerhëllt domadder d'Tabellespëtzt an der Nationale 3 / Bezierk 4

​

- 24/11 - Um 5. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 6 - 2 zu Dickweiler (975 - 891)

 

- 15/11 - Am 2. Tour vun der Coupe gewënnt de KC Ganerbaach mat 905 op 851 géint de KC Real 61 aus der Nationale 1

 

- 10/11 - Um 4. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach doheem mat 7-1 géint de KC Les Amis Dalheim (942 - 761)

 

- 28/10 - Um 3. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach däitlech a verdéngt mat 8 - 0 zu Greiveldeng géint UDP Wuermer (987 - 855).

 

- 13/10 - Um 2. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach mat 7 -1 géint de KC Mont Saint Jean, an dat mat 952 op 801.

 

- 03/10 - Am 1. Tour vun der Coupe gewënnt de KC Ganerbaach mat 611 op 877 zu Bous géint de KC Poutzert Canach

 

- 22/09 - Um 1. Spilldag vun der Saison 2016/2017 gewënnt de KC Ganerbaach mat 8 - 0 géint de KC Eechternoach, an dat mat 1000 op 764

2015/2016

- 12/05 - Zum Afschloss vun enger gudder Saison gewënnt de KC Ganerbaach mat 7 -1 (909-793) géint de KC Enner Frënn Bascharage a schléisst op der 3. Plaz of

 

- 28/04 - An der 1/4 Finall vun der Coupe de Luxembourg zitt de KC Ganerbaach mat 887 op 952 géint de KC Waasserbëlleg A de Kierzeren

 

- 25/04 - Um 13. Spilldag gewënnt de KC Ganerbaach auswäerts beim F74 Beetebuerg mat 2 - 6 (824 op 866)

 

-14/04 - De KC Ganerbaach gewënnt um 12. Spilldag doheem géint de KC Stroossen 4,5 - 3,5 (946-929)

 

- 24/03 - Um 11. Spilldag verléiert de KC Ganerbaach mat 5,5 op 2,5 (708-617) beim KC 3 Hannen Erëm Schëffleng.

 

- 17/03 - An der 1/8-Finall vun der Coupe du Luxembourg wënnt de KC Ganerbaach doheem mat 928 op 880 géint d'Kolleegen vum KC Les Amis Doennange aus der Nationale 2

 

-10/03 - De KC Ganerbaach gewënnt um 10. Spilldag doheem géint Alle Neng Monnerech mat 6 - 2 (1007-878)

 

-24/02- De KC Ganerbaach verléiert um 9. Spilldag géint de HC Hannen Héich Bartréng 96 mat 6-2 (874-796)

 

- 27/01 - De KC Ganerbaach verléiert um 8. Spilldag zu Lénger géint d'Aal Studenten mat 5 - 3 (960-938)

 

- 20/01- An der 4. Ronn vun der Coupe gewënnt de KC Ganerbaach zu Beetebuerg géint Copains 85 mat 737 op 861 Keelen (+124)

 

- 15/01 - De KC Ganerbaach verléiert um 7. Spilldag zu Bascharage mat 5-3 (888-869) géint de KC Ënner Frënn

 

- 14/12 - An der 3. Ronn vun der Coupe gewënnt de KC Ganerbaach op neutralem Terrain zu Duelem mat 899 op 834

 

- 10/12 - De KC Ganerbaach wënnt um 6. Spilldag doheem mat 7-1 (944-823) géint de KC F74 Beetebuerg

 

- 26/11 - Zu Péiteng am Café Porte de Lamadeleine verléiere mir um 5. Spilldag mat 7-1 (962-798) géint de KC Stroossen 95

 

- 17/11- De KC Ganerbaach gewënnt an der 2. Ronn vun der Coupe mat 897 op 893 géint de Big Ben 63 Beetebuerg aus der Nationale 1

 

-13/11- De KC Ganerbaach wënnt um 4. Spilldag doheem mat 5-3 (985-940) géint 3 Hannen Eroem A Scheffleng.

 

-30/10- De KC Ganerbaach wënnt um 3. Spilldag beim KC Alle Neng Monnerech mat 3-5 (845-902).

 

-15/10- De KC Ganerbaach wënnt um 2. Spilldag doheem mat 7-1 (965-896) géint de KC Hannen Héich Bartréng.

 

- 18/09- De KC Ganerbaach wënnt säin 1. Match vun der Saison 2015/2016 mat 6-2 (942-845) géint de KC Aal Studenten.

 

- 06/09 - Nom Opstieg an d'Nationale 3 spillt de KC Ganerbaach zu Neng säin éischte Match de 17/09/2015 a sengem neien/ale Lokal zu Uespelt am Kraeltgen géint d'Kolleegen vum KC Aal Studenten 03.

bottom of page