top of page
KC Ganerbaach zu Néng Uespelt asbl
26/04/2024
B-Ekipp
An der Halleffinall vun der Coupe FLQ gewënnt B-Ekipp mat 889 op 804 géint d'Kolleegen vum Kinnekstrech 05 Uewerkuer aus der Eirepromotioun. D'Finall géint de KC Kayl 2000 gëtt am Prinzip den 31/05/2024 gespillt.
24/04/2024
A-Ekipp
Um 13. Spilldag spillt eis A-Ekipp 4 - 4 (1123 op 1062) doheem géint e staarke Géigner vu Waasserbëlleg.
14/04/2024
A-Ekipp
Um 12. Spilldag spillt eis A-Ekipp 5 - 3 (934 op 904) zu Fennéng géint de KC BO' Dragons a festegt d'Tabellespëtzt.
29/03/2024
B-Ekipp
An der Véierelsfinall vun der Coupe FLQ gewënnt eis B-Ekipp doheem géint Ëmmer um Dill Giewel (Éirepromotioun) mat 857 - 618 a steet domadder an der Halleffinall vun der Coupe FLQ.
26/03/2024
A-Ekipp
Um 11. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp mat 8 - 0 (1119 op 901) géint de KC Luso Nord a festegt d'Tabellespëtzt.
22/03/2024
B-Ekipp
Um 8. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp mat 8 - 0 (920 - 575) géint Oenner Ons B an ass domadder net méi vun der Tabellespëtzt ze verdrängen. Éirepromotioun mir kommen!
19/03/2024
A-Ekipp
An der Véierelsfinall vun der Coupe de Luxembourg gewënnt eis A-Ekipp zu Houschent géint d'Eenegkeet Hoscheid B (Nationale 2) mat 779 - 856 a steet domadder an der Halleffinall vun der Coupe de Luxembourg.
09/03/2024
A-Ekipp
Um 10. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp mat 3,5 - 4,5 (918 op 995) géint de KC Gudd Holz Holzem
27/02/2024
A-Ekipp
Um 9. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp mat 7 -1 (1114 op 957) géint d'Knupperten vun Dol.
17/02/2024
A-Ekipp
An der Aachtelsfinall vun der Coupe de Luxembourg gewënnt eis A-Ekipp zu Miedernach géint de KC Medernach-Gilzem aus der Nationale 2 mat 922 - 937, dëst nodeems ee virun der leschter Partie nach mat 21 Keelen hanne louch.
16/02/2024
B-Ekipp
An der 1/8-Finall vun der Coupe FLQ gewënnt eis B-Ekipp op der neutraler Bunn zu Duelem (536 - 715) géint de KC Suessem 2023 aus der Promotioun 1. Bezierk.
10/02/2024
B-Ekipp
Um 7. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp auswäerts 0 - 8 (501 - 658) géint de KC Hanne Matt Merel a baut d'Féierung un der Tabellespëtzt weider aus.
26/01/2024
B-Ekipp
Um 6. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp doheem 8 - 0 (886 - 592) géint de KC Eechternoach 82 B a baut d'Féierung un der Tabellespëtzt weider aus.
24/01/2024
A-Ekipp
Um 8. Spilldag an der National 1 spillt eis A-Ekipp auswäerts zu Féngeg 4 - 4 (904 - 976) géint UPDB Garnech A.
09/01/2024
A-Ekipp
Um 7. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp 6 op 2 (1107 - 1060) doheem géint de KC Buerschent A.
05/01/2024
B-Ekipp
Um 5. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp doheem 8 - 0 (884-714) géint Elwenter 16 TER a baut d'Féierung un der Tabellespëtzt weider aus.
21/12/2023
A-Ekipp
Um 6. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp 2,5 op 5,5 (1002-1020) auswäerts zu Dickweiler géint de KC Waaserbëlleg an iwwerhëllt déi 2. Plaz mat 2 Punkte Réckstand op Waasserbëlleg.
06/12/2023
B-Ekipp
An der 2. Ronn vun der Coupe FLQ gewënnt d'B-Ekipp doheem géint OS Quinas mat 801 op 737 (+64) a qualifizéiert sech fir déi 3. Ronn.
06/12/2023
A-Ekipp
An der 3. Ronn vun der Coupe de Luxembourg gewënnt d'A-Ekipp op der neutraler Bunn zu Hoën géint de Liga-Konkurrent KC Buerschent mat 874 op 830 (+44) nodeems een no der 4. Parti nach 22 Keelen hanne louch.
28/11/2023
A-Ekipp
Um 5. Spilldag spillt eis A-Ekipp 8 - 0 (1123-883) doheem géint de KC Bo' Dragons A.
24/11/2023
A-Ekipp
Um 4. Spilldag spillt eis A-Ekipp 4 - 4 (854-864) zu Bissen géint de KC Luso Nord.
08/11/2023
B-Ekipp
Um 3. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp mat 0 - 8 (648-874) zu Hoën géint de KC Oenner Ons Eischen B a baut domadder d'Tabelleféierung aus.
31/10/2023
A-Ekipp
Um 3. Spilldag gewënnt eis A-Ekipp mat 7 - 1 (1113-910) doheem géint de KC Gudd Holz Holzem.
20/10/2023
B-Ekipp
Um 2. Spilldag gewënnt eis B-Ekipp mat 8 - 0 (882-560) doheem géint Hanne Mat Merel.
20/10/2023
A-Ekipp
An der 2. Ausscheedungsronn vun der Coupe de Luxembourg gewënnt d'A-Ekipp op 185 Keelen (652 - 837) zu Hiefenech géint de KC Befort.
07/10/2023
A-Ekipp
Um 2. Spilldag verléiert d'A-Ekipp mat 7 - 1 (902 - 802) auswaërts zu Dol géint d'Knupperten.
03/10/2023
A-Ekipp
Um 1. Spilldag gewënnt d'A-Ekipp mat 7 - 1 (1101 - 1031) doheem géint UPDB Garnech A.
19/09/2023
B-Ekipp
Um 1. Spilldag gewënnt d'B-Ekipp mat 2 - 6 (673 - 747) zu Iechternach géint de KC Eechternoach 82 B.
SAISON 2023/2024
September 2023
De KC Ganerbaach zu Neng Uespelt spillt dës Saison mat 2 Équippen.
D'A-Équipe spillt an der Nationale 1 an dréit hier Heemmatcher zu Alzeng am Trapeneck aus.
D'B-Équipe spillt an der Promotioun (2. Bezierk) an dréit hier Heemmatcher wéi gewinnt am Kraeltgen zu Uespelt aus.
Lass geet et fir d'B den 18/09 mat engem Auswäertsmatch zu Iechternach. Fir d'A geet et den 02/10 doheem géint UPDB Garnech A lass.
Gudd Holz deenen 2 Équippen.
bottom of page